Samschdeg, 24 October 2026
D’Fënsteren si knaschteg, d’Hott fetteg, Mauren beschmiert, iwwerall Spawecken, Luuchten déi nët méi fonctionnéiren, Plättercher déi lass sinn an ... Domadder soll elo Schluss sinn. Dofir gesinn mer ons um Schaffweeked vum den 24.-25. Oktober 2026 am Home vun den Lions Bleus. Den ganzen WE kascht nix/nada=0 €, awer e Kuch oder Taart > daat soll awer nët däin Schued sinn. Natiirlech gët nët nëmmen geschafft. NeeNee !!! Mir wärten all déi Lèit belounen déi esou...
Samschdeg, 21 November 2026
Du wëlls aktiv um Dag vum Bam deelhuelen an zesumme mat der
VDL een neie Bësch uplanzen? Egal op Beaver, Wellef, Scout, Explorer
oder Rover, mir kennen ALL eppes bäidroen!
Weider Informatiounen fänste hei am Unhang an der Souche !
Samschdeg, 28 November 2026
Ganz genee, du lies richteg,
Sou an elo nët méi laang gesabbelt, du wees jo souwisou ëm waat ët geet...
Also mell dëch einfach un ;)
Weider Detailer fann der hei am Unhang an der Souche !!!
Dain LB RoverTembo Team
Samschdeg, 05 Dezember 2026
Dëst Joer lueden d’Lions Bleus Iech och erëm op hiren Traditionellen LBB Chrëschtmaart an, Samstes den 5.12.2026 a Jiddereen ass Wëllkomm! Leed mat eis zesummen d'Chrëschtsaison an, mat leckerem Boxemännchen, waarme Glühwäin an natierlech Schocki fir déi Kleng. Mir empfänken Iech an enger wonnerschéiner Winterwonderland Stëmmung mat Musek, Deko an natierlech ass de Kleeschen och dobäi.
Weider Informatiounen fann der am Unhang vun der Souche!!!