Les Lions Bleus

Historique

D’Lions Bleus sinn den 16. Juni 1914 mam Numm "Les Éclaireurs de Bonnevoie" ënnert dem Impuls vum Emile Trausch op der Heedekopp gegrënnt ginn. Präsident gouf den Nic. Gallé, Chef de Troupe wor den Emile Trausch. Déi éischt Versammlungen sinn an enger Kasematte ofgehalen ginn. Dës Kasematte war an engem Steebroch beim Laboratoire um Verluerekascht. Mee du koum de Krich!
Vum 9. August 1914 un, hunn d’ Lions Bleus sech an den Déngscht vum Roude Kräiz gestallt. An deenen nächsten Méint hunn si dunn an de Kliniken gehollef. 1915 hate si hir éischt Fändelaweiung.

Den 7. November 1915 ass zu Dikrech d’ "Association des Éclaireurs de Luxembourg" gegrënnt ginn. An den 30. Juli 1916 woren si och dobäi fir d’Fédération Nationale des Éclaireurs du Luxembourg (F.N.E.L.) ze grënnen. D’Generalversammlung wor presidéiert vum Emile Bian. Den Aloyse Kayser wor Präsident vum éischten Comité Directeur. De Conseil Technique stoung ënnert der Direktioun vum Joseph Tockert.

No der Grënnung vun der F.N.E.L. hunn si, wie och di aner Truppen, hiren Numm geännert, an heeschen vun elo un LES LIONS BLEUS DE BONNEVOIE. Mee de Krich wor nach ëmmer am gaangen, an trotzdem hunn d’Éclaireurs de Bonnevoie Ausflich a Camp’en organiséiert. Donieft hunn si awer och an der Zitha Klinik an no Fligerbombardementer gehollef. Si woren och dobäi fir d’Haiser an d’Felder vun de Bouneweger Leit ze bewaachen, di wéint de Bombardementer op d’Land gezu woren.

Beim Empfang vun den Amerikaner woren si och dobäi. Wei den Weltkrich dunn eriwwer wor, hu si missen d’Kasematten verloossen, well d’Fransousen, déi deemools hei an der Stad an Garnisoun louchen, do e Munitiounslager haten. Duerno kruten si e Raum am Keller vun der neier Schoul zur Verfügung gestallt. Ugangs den drësseger Joren haten d’LBB hir Glanzzäit. Bei allen Scouts-Concours'en, zu Lëtzebuerg wei och am Ausland, hunn si vill Präisser mat Heem bruecht. Hiert éischt Home, en hëlzene Chalet um Verluerekascht vis-à-vis vum deemolegen Union's Terrain, hu si 1930 kritt. Do woren si dunn bis d’Preisen am zweeten Weltkrich d’Land besat hunn. 1941, wei d’ Hitlerjugend sech am Home breet gemaach huet, ass et dunn plëtzlech den 27. September verbrannt.

Och tëschent 1940-45 hunn d’ Lions Bleus am Roude Kräiz matgehollef. Dat ass hinnen nom Krich och héich ugerechent ginn. 1946 huet d’ARBED hinnen en neit Haus ginn, ongeféier honnert Meter vun der Heedekopp ewech. No 8 Joer hu se och dëst Haus missen opginn. Dës Kéier wéinst den Bebauungspläng vun den ARBED-Haiser. Als Entschiedegung huet d’ARBED hinnen dunn awer en Terrain ënnen bei der Uelzecht hannert de Maschinefixe zur Verfügung gestallt. Well net genuch Suen an der Keess wor, fir en neit Home bauen ze loossen, hunn si decidéiert schlussendlech selwer ze bauen. Well an der Trupp vill jonk Leit mat verschiddenen Beruffer waren, hunn si an Zäit vun engem Joer en neien Chalet opgeriicht.

Den 16. Juni 1957 ass et dunn vum deemolegen Ierfgroussherzog Jean ageweit ginn. Mee och dës Kéier huet d’Freed nëmmen 20 Joer gedauert, well si wéinst der Vergréisserung vun der Kläranlage zu Bouneweg d’Home hu missen opginn. D’Gemeng Lëtzebuerg huet hinnen dunn en Terrain an der Rue de Pulvermühl ginn. Do hunn si dunn, mat finanzieller Ënnerstëtzung vun der Gemeng, erëm eng Kéier selwer gebaut. Säit deem hunn d’Lions Bleus hiert endgültegt Home an der Rue de Pulvermühl. 1994 ass dunn nach een Deel bäigebaut ginn. 1989 kruten d’Lions Bleus dunn 75 Joer, an dat ass natierlech och gefeiert ginn. Den Grand-Duc Henri an Grande-Duchesse Maria-Théresa woren och dobäi!!! Wann een d’Geschicht vun den Lions Bleus liest, dann kéint ee bal soen, dat hir Geschicht eng vun hiren Home'er ass !!!