Les Lions Bleus

Kleeschen den 1. Dezember 2017 vun 18.00-21.00 Auer am Home Lions Bleus

01.12.2017 | Beaver | Wëllefcher | Scouten | Explorer | Rover | Activities

HO - HO - HO (an esou wéider)

Si schon ganz ongedëlleg vir op Bouneweg an den Dall bei meng allerléifst blo Léiwen ze goën am mat hinnen méin Féierdag ze féieren. Dëst Joër feieren mir alleguerten den 1. Dezember 2017 am Home vun den Lions Bleus. Wéi ëmmer brengen ech Iech dann gliddegen Schocki an rieseg knusperech Kuchenmännercher mat.

Also ech sin dann Freidesowes, den 1. Dezember Punkt 18:00 Auer MBZ(Mettel-Bouneweger-Zeit) am Home bei den Lions Bleus. Ech muss nach a mengem groussen Buch chekken op ech den Housécker brauch, well den brengt dann di néideg Rutten mat. Wann d'Lions Bleus awer am Laaf vum Joer ok waren, da kann dén alen Granzsack dohém bleiwen. Och wann mer dëst Joër 5 DEEG mei fréi feieren, so hun ech awer ganz vill Arbecht um Bockel. Dofier bieden ech Dech dass du och wierklech  pünktlech um 18:00 Auer am Home bas, an data an tiptoper Wanteruniform. Antscheinend spillen d'Händien an Zwechenzeit eng hallew Oper, (amplatz eifach ze schëllen) mé dat ass mir egal. Ech bieden Dech dén Braddelapparat auszemaan während ech do sin, well den Housecker fret sech emmer wann en én neien Händy an seng Samlung krit. A gehei Deng Souche dis den 25. November an Meng Bréifkëcht (nët and d'Wandrouskecht)(ënnen am Gank um Bried) well soss verzweiflen meng Engeln erëm wann së bis den leschten Moment nët wëssen weivill Thermoskanen mat Schoki an weivill Boxemännecher së mer sollen apaaken.

<- retour vers Activités & Nouvelles