Les Lions Bleus

Explorer

D'Explorer sinn Jonker zwëschen 15 an 18 Joer.

Hei ass déng Kreativitéit gefrot!

D'Explorer sinn an «Unitéiten» opgedeelt an d'Bezeechnung «Chef» ass duerch «Responsable» ersat ginn, well an eisem Alter d'Aktivitéiten zesumme décidéiert, organiséiert an duerchgefouert solle ginn.

Sou entstinn super Aktivitéiten op Camp'en an Sortien. Eis Aktivitéiten bestinn aus ganz villen flotte Saachen, wéi zum Beispill : Hike, Camp'en, Klammen goen an nach vill méi!

Mir gesinn eis all Samschden vun 14.00 - 16.00 Auer an eisem Home.

Fir weider Informatiounen kanns du eis gären eng Mail schécken oder eis uruffen:

Responsable Unité: Eric Macé
Tel: 661 857 037
E-Mail: explorer@lionsbleus.lu

Activités à venir

Sail'18 den 20.-29.07.2018 Wattenmier & Ijsselmier an Holland

20.07.2018 | Scouten | Explorer | Rover | Cheffen | Amicale

No eisen Segel-Erfahrungen 2006+2013 wëllen mir wèinst dem deemolegen Succès an der Nofro nees mam Segelboot an daat grousst Wattenmier  erausfueren an daat zesummen mat den Mamer Wiselen !Bass du also interesséiert, an hues wëlles huet matzegoën? Mat eis op eng  Schatzsich ze goën an … suite

Techuana Wanter 2018

09.02.2018 | Beaver | Wëllefcher | Explorer | Rover | Cheffen | Amicale

No baal engem Joër Paus ass ët dann endlech gläich nees esou wäit, an mir fueren nees an Techuana op den Wantercamp. RV e Mëttwoch 8/02/18 ab 19:15 Auer fir Valise laanscht ze brèngen. START Freides den 9/02/18 um 18:30 Auer & RETOUR Sonndes den 18/02/19 um 11 Auer beim Home.

Mir freen eis … suite

Gruppen Krëschtcamp Lions Bleus 16-18/12/2017

16.12.2017 | Beaver | Wëllefcher | Scouten | Explorer | Rover | Cheffen | Amicale

HÖRET,HÖRET!

D‘Prinzessin vum schéine Land Mercia ass entfouert ginn !!!

De schwaarze Ritter huet hat op séng Buerg verschleppt !!! De Kinnèk

vu Mercia brauch elo är Hëllef....well nëmmen sou frou Beaver, staark

Wëllef a gescheite Scouten/Explorer

do kënnen do hëllefen !!!.

 

Wéider … suite

Kleeschen den 1. Dezember 2017 vun 18.00-21.00 Auer am Home Lions Bleus

01.12.2017 | Beaver | Wëllefcher | Scouten | Explorer | Rover | Activities

HO - HO - HO (an esou wéider)

Si schon ganz ongedëlleg vir op Bouneweg an den Dall bei meng allerléifst blo Léiwen ze goën am mat hinnen méin Féierdag ze féieren. Dëst Joër feieren mir alleguerten den 1. Dezember 2017 am Home vun den Lions Bleus. Wéi ëmmer brengen ech Iech dann gliddegen Schocki … suite

Explorer