Les Lions Bleus

Scouten & Guiden

Bei de Scouten a Guiden bass du, wann's de 11 bis 15 Joer al bass. Mir sinn e flotte Grupp mat Jugendlechen.

De Scout lieft zesummen mat senge Frënn an enger Patrull, eng Equipe vu 6 bis 8 Jongen a Meedercher. D'Patrullen sinn zesummen an der Trupp organiséiert. An der Patrull huet jiddereen seng Charge a Verantwortung. Sief et am Spill oder an der Aktioun, jiddereen soll seng Responsabilitéit iwwerhuelen.

Mir gesinn eis all Samschden vun 14.00 - 16.00 Auer an eisem Home. Do hunn mir dann eis Versammlung. Mir maachen ganz flott Aktivitéiten wéi z. B. Sortien, Weekender an Camp'en.

Also zéck net an komm roueg laanscht!!

Fir weider Informatiounen kanns du eis gären eng Mail schécken oder eis uruffen:

Chef de Troupe: Sam Schmitt
Tel: 621 371 462
E-Mail: troupe@lionsbleus.lu

Activités à venir

Sail'18 den 20.-29.07.2018 Wattenmier & Ijsselmier an Holland

20.07.2018 | Scouten | Explorer | Rover | Cheffen | Amicale

No eisen Segel-Erfahrungen 2006+2013 wëllen mir wèinst dem deemolegen Succès an der Nofro nees mam Segelboot an daat grousst Wattenmier  erausfueren an daat zesummen mat den Mamer Wiselen !Bass du also interesséiert, an hues wëlles huet matzegoën? Mat eis op eng  Schatzsich ze goën an … suite

Gruppen Krëschtcamp Lions Bleus 16-18/12/2017

16.12.2017 | Beaver | Wëllefcher | Scouten | Explorer | Rover | Cheffen | Amicale

HÖRET,HÖRET!

D‘Prinzessin vum schéine Land Mercia ass entfouert ginn !!!

De schwaarze Ritter huet hat op séng Buerg verschleppt !!! De Kinnèk

vu Mercia brauch elo är Hëllef....well nëmmen sou frou Beaver, staark

Wëllef a gescheite Scouten/Explorer

do kënnen do hëllefen !!!.

 

Wéider … suite

Kleeschen den 1. Dezember 2017 vun 18.00-21.00 Auer am Home Lions Bleus

01.12.2017 | Beaver | Wëllefcher | Scouten | Explorer | Rover | Activities

HO - HO - HO (an esou wéider)

Si schon ganz ongedëlleg vir op Bouneweg an den Dall bei meng allerléifst blo Léiwen ze goën am mat hinnen méin Féierdag ze féieren. Dëst Joër feieren mir alleguerten den 1. Dezember 2017 am Home vun den Lions Bleus. Wéi ëmmer brengen ech Iech dann gliddegen Schocki … suite

Scouten