Les Lions Bleus
 
Scouts et Guides de Bonnevoie

Activités & Nouvelles

Activités à venir

Nouvelles

Wandrous spéciale Corsu 2010

10.08.2011 | News

No de Fotoen fun der Corse as och elo ons Wandrous spéciale Corse online. Héi fan der en Editoral, Rapporten, Fotoen an nach fill méi. Klickt einfach op Wandrous spéciale fir se erofzeluerden oder fir erauszedrëcken. Wandrousrédaktion wënscht Iech fill Spass béim liesen!!!suite

Foto Corsu 2010

12.04.2011 | News

No laangem waarden sin endlëch Fotoen fum groussen Summercamp Corse 2010 online. Et sin se nach laang net all, dofir kommen der all Dag e puer dobéi. Klick dëch einfach an d'Gallerie eran. Fill Spass béim kucken!suite

20ten Gala

31.03.2011 | News

De Komité sou wéi och d'Cheffen soen jidferëngem Merci dén ons sou gutt um Gala ënnerstëzt huert. Léider waren net esou fill Léit um Gala wéi sos déi Joëren dach d'Resultat kan sëch wéisse lossen. Mir spënden 1.000 € un MSF!! Déi genau Détailer fan der an der aktueller Wandrous No … suite

Schaffweekend

02.02.2011 | News

E grousse Merci un all déi, déi um Schaffweekend vum 29.-30. Januar 2011 deelgeholl hunn. Et wor een vollen Erfolleg. Dir hutt alleguer eng super Aarbecht geleescht, 35 vun den 40 Aarbechten op der Lescht sinn mat vollster Zefriddenheet erleedegt ginn. Den Kascht wor richteg gutt, wat och zum … suite

Verkaaf Viz

02.11.2010 | News

360 Fläschen gepressten, agekachten Viz waarden op en Abnehmer. Dir kënnt äre Viz op folgender e-mail Adresse reservéieren: viz@lionsbleus.lu 1 Cageot Viz kascht 8,50 € an deen 2ten 16,00 €. Am Präis ass de Vidange vum Cageot mat de Fläschen anbegraff. De Vidange … suite

Vizweekend 16-17/10/2010

18.10.2010 | News

Ganzer 75 Lions Bleus haaten sëch de Weekend op Fluesweiler déplacéiert fir hieren traditionellen Vizweekend beim Chouch ofzehaalen. Um Programm stungen Äppel wäschen, häckselen, pressen, filteren an den frësche Viz an d'Fläschen anfëllen. Beaver a Wëllef hun e Piste-Poste duerch Fluesweiler gemach … suite

Corsu 2010

22.08.2010 | News

No 3 opreegenden Wochen ass d'Lions Bleus Caravanne erëm gutt zu Lëtzebuerg ukomm. Um Camp war eng excellent Stëmmung wou vill gelaacht a gegeckst gouf. De Programm deen de Staff sech virgeholl huet ass bal ganz ëmgesat ginn. De Staff seet jidderengem Merci deen säin deel zum Camp bäigedroen huet … suite

Léiwefest den 3. Juli 2010

03.07.2010 | News

D'Cheffenequippe seet jidderengem Merci dat déi 4ten Editioun vun onsem Léiwefest erëm e groussen Erfolleg war. E grousse Merci geet och un Iech léif Elteren, dir hutt ons mat deenen allerbeschten Zaloten a verschidden Kucken beliwwert.suite

Entretien Home den 26. Juni 2010

28.06.2010 | News

Tortue grogneuse seet all deenen e groussen Merci déi sou fill a fläisseg am Home matgeschafft hunn !!!suite

Fotogallery

22.03.2010 | News

Endlech ass se do, ons Fotogallery!!! Déi éischt Fotoen sinn och schonns online, et sinn déi vun Techuana 2010. Vill Spaass beim kucken! Hei drop klicken - Foto Techuana 2010suite

Afficher les résultats 21 à 30 sur un total de ###SPAN_BEGIN33

< Précédente

1

2

3

4

Suivante >