Les Lions Bleus

100 Joer LBB - Verspriechen

Ee verspriechen

1914 _ Grënnung vun den “Eclaireurs de Bonnevoie”,
spéider Lions Bleus de Bonnevoie genannt.
Firwat den Léiw an déi blo Faarw, dat si Froen wou mir
wahrscheinlech ni eng Äntwert wäerten kréien!
Wat mir awer probéieren erauszefannen ass wat ob der
Heedekopp 1914 passéiert ass.
Mir dréinen den 12. Abrëll 2014 Zäit ganz einfach zeréck
an kucken wat déi luusseg Bouwen wéi den Geo Michel
Franz Heldenstein, den Guill Lauff, den Emile Trausch
an den Paul Bastian do uewen ob der Kopp erlieft hunn.
Wat mir ganz sécher wëssen ass dass an deem Joer
Geschicht geschriwwen ginn ass, ee Verspriechen vir
d’Liewen ass gemaach ginn!
Mat dëser Aktivitéit lauden mir onsen Joerhonnertgebuertsdag
an! Mir géifen eis freeën wanns och Du
do dobäi wiers!

Wéini:
Samsten, 12 Abrëll 2014

Wou:
Home LBB

Auer:
18h00

Waat muss Du dobéi hun:
fest Schong & Täscheluucht

Unmeldung bis den:
21. März 2014

Kontakt:
honnert@lionsbleus.lu

Foto:
Fier d'Fotoen vun der Promesse ze kucken, hei drop klicken!

Artikel Presse:
"Rückkehr an den Ort, wo alles begann" - Wort 13.Mai 2014

 

download Invitatioun